Le collège échevinal
Le collège des bourgmestre et échevins
Indépendamment des attributions qui lui sont conférées par d’autres dispositions légales le collège des bourgmestre et échevins est chargé:
1 | de l’exécution des lois, des règlements et arrêtés grand-ducaux et ministériels, pour autant qu’ils ne concernent pas la police; |
2 | de la publication et de l’exécution des résolutions du conseil communal; |
3 | de l’instruction des affaires à soumettre au conseil communal ainsi que de l’établissement de l’ordre du jour des réunions du conseil communal; |
4 | de l’instruction des affaires à soumettre au conseil communal ainsi que de l’établissement de l’ordre du jour des réunions du conseil communal; |
5 | de l’administration des établissements communaux et du contrôle des établissements publics placés sous la surveillance de la commune; |
6 | de la surveillance des services communaux; |
7 | de la direction des travaux communaux; |
8 | de l’administration des propriétés de la commune ainsi que la conservation de ses droits; |
9 | de l’engagement des ouvriers communaux sous l’approbation du ministre de l’Intérieur, de la surveillance des fonctionnaires, employés et ouvriers de la commune, de l’application à ces personnes des mesures qui découlent impérativement de dispositions législatives ou réglementaires en matière de congés, promotions et autres droits statutaires; |
10 | du contrôle de la composition régulière des conseils des fabriques d’église; |
11 | de la surveillance spéciale des hospices civils et des offices sociaux. Le collège visite ces établissements chaque fois qu’il le juge convenable, veille à ce qu’ils ne s’écartent pas de la volonté des donateurs et testateurs et fait rapport au conseil des améliorations à y introduire et des abus qu’il y a découverts; |
13 | de la garde des archives, des titres et des registres de l’état civil. |
Le bourgmestre est de droit président du collège des bourgmestre et échevins.
Le collège des bourgmestre et échevins se réunit aussi souvent que l’exige la prompte expédition des affaires, soit aux jours et heures fixés par son règlement d’ordre intérieur, soit sur convocation du bourgmestre. Il ne peut délibérer que si plus de la moitié de ses membres sont présents.
Les résolutions sont prises à la majorité des suffrages. En cas de parité des voix, et si le président ne remet pas l’affaire à une autre réunion, sa voix est prépondérante.
Sauf disposition légale contraire, les réunions du collège des bourgmestre et échevins ont lieu à huis clos.
- Georges Fohl
- Sonia Fischer-Fantini
- Arsène MULLER
Schäfferotserklärung
Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,
An der Gemengerotssitzung vum 29. November 2017 huet de Buergermeeschter d’Schäfferotserklärung virgedroen. Op dëser Plaz brénge mir Iech eng kondenséiert Versioun dovun:
„Eis Gemeng huet zu dësem Moment 2106 Awunner. Op Grond vum zousätzleche Wunnraum wou an der Planung ass, kann ee vun enger Croissance vun an der Moyenne 2% pro Joer an de nächste 6 Joer ausgoen, wat eis Enn 2023 op e Niveau vun eppes manner wéi 2400 Awunner bréngt. Ech menge kënnen ze soen, datt mer och haut nach mat der neier Konstellatioun eng Unanimitéit am Gemengerot hunn, déi och vun enger grousser Majoritéit vun eise Matbierger gedroen ass, fir datt d’Gemeng Garnich och a nächster Zäit eegestänneg bleiwe soll, och wa mer ab dem 1. Januar déi klengste Gemeng am Kanton wäerte sinn. Dat huet awer zur Konsequenz, datt mer den héijen Niveau, dee mer an de leschte Joren erschafft hunn nach weider mussen ausbaue fir datt mer vergläichbar Infrastrukturen an di administrativ Strukturen opweise wéi eis grouss Noperen.
Bei ville Punkten si mer gutt opgestallt, sécherlech hu mer awer nach Schwächten déi mer an de kommende Jore konsequent upake mussen.
Kommunal Gebaier an Infrastrukturen
– Enn 2018 wäert de neien Duerfzenter zu Koler fäerdeg ginn. Nieft verschidde multifunktionelle Raimlechkeete mécht dann de Kino genannt KinOLER seng Dieren op.
– Eist Stroossen- a Weenetz ass allgemeng an engem gudden Zoustand. Et sinn natierlech Defiziter do, déi an de nächste Joren ugepaakt ginn.
– Eis Stroossebeliichtung wäert punktuell mussen ersat ginn. Mir profitéieren dovunner fir konsequent weider ze fueren, eist Netz op LED ëmzebauen.
– Ee grousse Problem ass d’Problematik vum Transitverkéier an domadder allgemeng d’Verkéierssécherheet respektiv d’Liewensqualitéit vun eise Matbierger. Mir hunn mat der Analyse vun engem Bureau d’Etudes eng Basis geschaf an och déi néideg Relatioune mat dem zoustännege Ministère opgebaut fir datt mer konsequent an de nächste Jore Verbesserungen ëmsetze kënnen.
– Am Kanalnetz fuere mer viru fir d’Schwaachpunkte vum Reseau an der ganzer Gemeng een nom aneren z’eliminéieren. Ech denken un d’Erneierung vum Kanalnetz zu Duelem an der Rue des 3 Cantons an och zu Héiweng an der Rue de Garnich, fir just déi ze nennen. Zesumme wäerten déi scho méi wéi 2,5 Milliounen € verschléngen.
– De SIDERO plangt de Bau vun enger grousser regionaler Kläranlag zu Mamer mat de néidegen Uschlossaarbechte fir eis Gemeng. Doru wäerte mer eis an de nächste Joren am Duerchschnëtt mat mindestens 800.000 € pro Joer bedeelegen.
– Fir am Kader vum Klimapakt den ugestrieften energeteschen Niveau ze erreeche, ginn an de nächste Jore beim Elsy Jacobs Schoul- a Sportkomplex a beim Veräinshaus déi néideg Upassunge gemaach. Mir profitéiere vun der Geleeënheet, fir niewent der energetescher Sanéierung, och de viischten Deel vum Veräinshaus méi aluedend, modern a praktesch ze gestalten.
– Déi al Spillschoul zu Héiweng gëtt schrëttweis renovéiert fir eise Veräiner zur Verfügung ze stellen.
– Fir de mannerbemëttelte Matbierger eng Chance ze gi bei eis wunnen ze bleiwen, wäerte mir de Bau vu soziale Wunnenge weider dreiwen.
– Um Schoulkomplex zu Garnich plange mer fir 2018 den Agangsberäich bei der fréierer Post am ale Gebai ze erneieren. An der Spillschoul zu Duelem gi nieft Verbesserungsaarbechten och déi akustesch Problemer an Ugrëff geholl. Schlussendlech wäerte mer à moyen terme eng Vergréisserung vum Precoce ustriewen.
Kommunal Strukturen
– Sou wéi d‘aktuell Reglementer et virgesinn wäert eisen Allgemenge Flächenotzungsplang, de PAG, bis den 8. August 2018 fir eng éischt Ofstëmmung dem Gemengerot virgeluecht ginn. Wichteg ass, datt de rurale Charakter an eisen Dierfer erhale bleift an datt mer an den eenzelen Dierfer net ze séier wuessen, wat eventuell op d’Liewensqualitéit kéint en Impakt hunn.
– Betreffend d’Betreiungsstrukture fir Senioren an eiser Gemeng wäerte mir vu Spezialiste préiwe loossen wat Sënn mécht.
– Wat eis Gemengenadministratioun ubelaangt, do wäert eis Internetsäit méi modern an zäitgeméiss gestallt ginn. Och ze nennen ass eng weider Verbesserung an de Strukturen innerhalb vun der Verwaltung, déi der Croissance vun der Populatioun an den zousätzleche Missioune Rechnung dréit.
– Mir wäerte weider op en Dialog mat de Bierger an den eenzelen Dierfer setzen an d’Missioun vun den asbl’en stäerken. Sou wéi an den aneren Dierfer striewe mer och d’Schafe vun engem Interesseveräin an der gréisster Uertschaft Garnich un. Allgemeng geet et eis drëm, datt mer dat weider féieren, wat viru 6 Joer lancéiert ginn ass, an zwar d’Matbierger ze motivéiere fir sech um Entscheedungsprozess ze bedeelegen.
– Punkto Mobilitéit innerhalb an zwëschen den Dierfer (zu Fouss, mam Vëlo, mam Bus, mam Auto) ass Munches geschitt, et bleift awer nach vill ze maachen. Och do wäerte mer zesumme mat den asbl’en Léisungen erbäiféieren, respektiv och mat eisen Nopeschgemengen.
– Den Zesummenhalt an eiser klenger Gesellschaft an d’Kohäsioun an eiser Gemeng ka sécherlech och duerch flott Aktivitéite vun eise Kultur- a Sportveräiner gestäerkt ginn, mee natierlech och duerch eng nach verbessert Offer vu kulturellen Aktivitéite wéi och Aktivitéite fir de Breedesport. Duerfir brauche mer sécherlech Kommissiounen déi gutt fonctionnéieren an déi eis finanziell Ënnerstëtzung kréien.
Ech hu sécherlech net alles opgezielt, wat mer an de nächste Joren an eiser Gemeng wëlles hunn. Mee ech denken, datt dir en Iwwerbléck kritt hutt, iwwer déi grouss Aarbecht, déi op eis alleguer waart.
Ech wënsche mir datt mer, och wa mer verschidden Usiichten hunn wéi mer eenzel Projete sollen ëmsetzen, eng kollegial a konstruktiv Zesummenaarbecht am Gemengerot an de nächste 6 Joer behalen, an ech hunn och kee schlecht Gefill, dass eis dat kéint geléngen!“
De Schäfferot